Iwwer mech
Ech sinn eng holistesch a kierperorientéiert psycho-edukativ Beroderin an eng somatesch Coach. Ech si spezialiséiert op Neurodiversitéit, wéi ADHS, Berodung an Coaching, Traumaveraarbechtung, Bindungsproblematiken an Hypersensibilitéit. Wéi sinn ech heihinner komm?
Mäi Bachelor hunn ech an der Erziehungswissenschaft gemaach an ech hu mai Master a ´Geeschteger Behennerung an Entwécklungsstéierunge´ gemaach. Zënterhier hunn ech am Beräich vun der Diagnostik, der Berodung a Begleedung geschafft, an de Beraicher vun intellektuellen Behënnerungen bis spezifesch Léierschwieregkeeten, Autismus, ADHS, iwwer Héichbegabung an all emotional, familiär a systemesch Schwieregkeeten déi domat verbonne sinn. Nodeems ech mat mengen eegene Schwieregkeete mat Bindungsverletzungen an Traumaveraarbechtung konfrontéiert war, déi mech a menger perséinlecher a berufflecher Entwécklung blockéiert hunn, wousst ech, dass ech eppes misst änneren.
Déi perséinlech Ausernanersetzung mat desen Aspekter, an deenen ech elo spezialiséiert sinn, huet mir gehollef d'Richtung a menger berufflecher Carrière z'änneren. Wat e wichtege Drive a menger eegener Geschicht gouf, war d'Intentioun, aner Leit ze hëllefen op déiselwecht Manéier wéi ech virdru ënnerstëtzt gouf. Mäi Wee huet mech zum somatesche Coaching bruecht, eng Erfahrung déi mai Liewen verännert huet an un der ech vill gewuess sin, gekoppelt mat Trauma-informéierter Berodung, Ech sinn zouversiichtlech datt ech vill Leit hëllefe kann, sech rem mat hirem Kierper, hirer Authetizitéit an hirer Bestemmung ze verbannen.
Ausbildung an Zertifizéierungen
EMDR Training 2024
I completed the EMDR Training with the ´EMDR Akademie´ in Germany, the only certified training institute of the ´Deutsche EMDR Gesellschaft´.
Trauma and Somatics 2024
I completed the ´Trauma and Somatics´ practitioner training which is a complete, holistic professional training for professionals in the health sector who want to offer safe, trauma-informed spaces for their clients.
D'Somatic School 2023
Ech sinn an d'Somatic School komm nodeems ech somatesch Praktiken fir mech selwer a meng eegen Trauma- a Bindungsheelung entdeckt hunn. Ech krut meng Coaching Zertifizéierung am Dezember 2023.
Universitéit vu Canterbury zu Kent 2011-2013
Ech hunn mäi Master an Intellektuellen an Entwécklungsbehënnerungen hei gemaach. Duerno hunn ech am Nationale Bildungssystem zu Lëtzebuerg geschafft; vir d´éischt mat Kanner mat geeschteger Behënnerung an Autismus-Spektrum Stéierungen; dann mat Kanner mat Héichbegabung; a schliisslech mat Kanner a Jugendlecher mat Entwécklungs- a Léierstéierunge wéi ADHS.
Universitéit Köln 2008-2011
Ech hunn mäi Bachelorstudium an ´Erziehungswissenschaften´ hei gemaach.
Meng Philosophie
Als kierperorientéierte Coach a Beroderin sinn ech hei fir Raum ze schaafen fir engem anere seng Entwécklung ze förderen. Mir kënnen an engem gemeinsame Raum entdecken wat d'Schwieregkeeten sinn déi Dir begéint. Ech hu Vertrauen an Äre Prozess, an datt Dir alles hutt wat Dir braucht fir selwer ze wuessen. A wa Froen opkommen an Dir braucht Informatiounen, Ressourcen a Perspektiven, sinn ech och vir Iech do.
Doriwwer eraus deelen ech als Embodied Practitioner Praktike mat Iech, déi ech selbst erlieft a praktizéiert hunn an déi nohalteg Ressource sinn an einfach an d´Praxis emzesetze sinn. Souvill wéi dir mech als Ressource braucht, sou wichteg ass et och vir mech meng eege Ressourcen ze hunn. Ech si mer an deem Prozess emmer bewosst, a wéiengem Zoustand ech mech selwer befannen.
Eng wichteg Ressource fir mech ass Natur an Erliefnisser an der Natur. Hei fannen ech d´Energie an d´Kraaft, fir Iech ze déngen, an dat ass wat ech an d'Sessioun matbréngen. Mir kënnen zesummen entdecken wat dës Ressourcen fir Iech sinn.
De Kär vu menger Aarbecht ass d'Verbindung mam Kierper dee vill onentdeckt Wäisheet an Heelung fir eis all hält. A Situatiounen vun emotionaler Iwwerwältegung kënne mir zesummen entdecken wéi den Nervensystem sech selwer reguléiere kann. Ech baséieren meng Aarbecht op zwou Pilieren: Verbindung mam Kierper a Co-Regulatioun mat enger anerer Persoun. Vun dëser Plaz sinn d'Weeër fir d´Iwwerwanne vu Blockaden, d'Selbstentwécklung a Wuesstem frai.